„Vu menger Ënnerwäsch, bleif ewech!“
Zauberspektakel fir Kanner zur Präventioun vu sexueller Gewalt
19/11/2022
Datum : 19/11/2022
Auerzäit : 17h00 – 17h45
Adress : Centre Culturel Altrimenti, 5, Avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg
Alter: 4-9 Joer
Gratis Entrée
Aschreiwungen ënnert: info@ecpat.lu
Sprooch: Lëtzebuergesch
Dësen Zauberspektakel, präsentéiert duerch d’ANIMATRIX, huet d’Zil, d’Kanner zu hiere Rechter ze sensibiliséieren, mat engem Schwéierpunkt op der Präventioun viru sexueller Gewalt. Op spilleresch an interaktiv Aart a Weis léieren d’Kanner dobäi, dass hire Kierper hinne gehéiert, dass si d’Recht hunn, „Nee“ ze soen, zu Beréierungen, déi si net wëllen, an dass et gutt a schlecht Geheimnisser gëtt, mat deenen ee net eleng soll bleiwen.
Encadréiert gëtt de Spektakel duerch de Video „Dem Vicky säi Geheimnis“, eng Kuerzgeschicht an där d’Protagonistin, e jonkt Meedchen, sech géigeniwwer engem erwuessene Mann mat béiswëllegen Ofsiichten duerchsetzt. Gehollef kritt hat dobäi vun enger gudder Fee, déi him wertvoll Rotschléi mat op de Wee gëtt, an him hëlleft.
De Video gouf am Kader vun der Campagne „Un sur cinq“ vum Europarot entwéckelt, a riicht sech speziell u Kanner tëscht 3-7 Joer. Déi Lëtzebuergesch Versioun vum Video ass online fräi zougänglech ënnert der Adress: https://www.youtube.com/watch?v=gfEcK2aIpRE
D’Messagen aus dem Video sinn déi, déi och an der Virféierung agebaut sinn.
Den Zauberspektakel gëtt organiséiert vun ECPAT Luxembourg an Zesummenaarbecht mam Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse a reit sech an de Kontext vum europäeschen Dag fir de Schutz vun de Kanner viru sexueller Ausbeutung a sexuellem Mëssbrauch, den 18. November, an dem internationalen Dag vun de Kannerrechter, den 20. November, an.
De Schutz vun de Kanner virun alle Forme vu Gewalt, dorënner och sexuell Gewalt, ass ee vun den 3 Grondprinzippien vun der Kannerrechtskonventioun. Et ass den Artikel 34, deen explizitt de Schutz vun de Kanner virun all Form vu sexueller Ausbeutung a Gewalt engagéiert.
„Vu menger Ënnerwäsch, bleif ewech!“
Spectacle de magie pour enfants sur la prévention des violences sexuelles
19/11/2022
Centre Culturel Altrimenti
Date: 19/11/2022
Horaire : 17h00 – 17h45
Adresse : Centre Culturel Altrimenti, 5, Avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg
Age: 4-9 ans
Entrée gratuite
Inscriptions sous: info@ecpat.lu
Langue : Luxembourgeois
Ce spectacle de magie, présenté par l’artiste ANIMATRIX, sensibilise les enfants sur leurs droits, en se focalisant sur la prévention des violences sexuelles. Les enfants apprennent de manière ludique et interactive que leur corps leur appartient, qu’ils ont le droit de dire « Non » aux gestes et touchers qu’ils n’aiment pas, et qu’il y a des bons et des mauvais secrets avec lesquels on ne devrait pas rester seul.
Le spectacle est encadré par la vidéo « Dem Vicky säi Geheimnis », qui raconte l’histoire d’une jeune fille qui est confrontée et résiste à une personne adulte malintentionnée. Elle est soutenue par une fée qui lui donne des conseils utiles.
La vidéo a été élaborée par le Conseil de l’Europe dans le contexte de la campagne « Un sur cinq » et se dirige spécifiquement aux enfants de 3 à 7 ans. La version luxembourgeoise de la vidéo est librement accessible sous : https://www.youtube.com/watch?v=gfEcK2aIpRE
Les messages de la vidéo sont ceux repris dans le spectacle.
L’événement est organisé par ECPAT Luxembourg en collaboration avec le Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse et se place dans le cadre de la journée européenne pour la lutte contre l’exploitation et l’abus sexuels du 18 novembre, ainsi que de la journée internationale des Droits de l’enfant du 20 novembre.
La protection des enfants contre toutes les formes de violences, y compris les violences sexuelles, est un des trois principes fondamentaux de la Convention Internationale relative aux Droits de l’enfant. C’est l’article 34 qui engage les Etats parties à prendre les mesures nécessaires pour « protéger les enfants contre toutes les formes d’exploitation sexuelle et de violence sexuelle. »